arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Philip Glass (1937)
Duerch seng Oper "Einstein on the Beach" ass de Philip Glass weltwäit bekannt ginn. Et ass déi éischt Episod vun enger Trilogie, déi sech mat Mënschen auserneesetzt, déi duerch hir Iddien d'Welt verännert hunn. Dobäi ass de Bléck, deen de Glass a sengen Operen op d'Welt werft net ëmmer positiv. Mëttlerweil huet de Glass iwwer zwanzeg Opere komponéiert. Wat ass un dëse Wierker besonnesch? De Luc Boentges mat Äntwerten.