arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Johann Wenzel Kalliwoda (1801-1866)
Dem Johann Wenzel Kalliwoda seng éischt Wierker goufen an der Press zwar gelueft, mä et gouf vill kritiséiert, datt se handwierklech net um héchsten Niveau wieren an datt de jonke Komponist dem "Rossinismus" verfall wier. Spéitstens awer zënter senger éischter Sinfonie ännert sech déi ëffentlech Meenung an de Kalliwoda gëtt als Nofolger vun den "hellegen Trias" Haydn, Mozart a Beethoven bezeechent. De Luc Boentges mat Hannergrënn.