arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Bohuslav Martinu (1890-1959)
Déi lescht Liewensjore verbréngt de Bohuslav Martinu an der Schwäiz - zu Liestal bei Basel. E gëtt vum grousse Mäzen an Dirigent Paul Sacher ënnerstëtzt. De Komponist war gesondheetlech net méi a beschter Verfaassung a beschäftegt sech a senger Musek mat den elementare Froe vu Liewen an Doud (Gilgamesch-Epos, Griichesch Passioun). Zënter 1995 gëtt et zu Basel d’Martinu-Festtage, déi un déi kuerz awer enk Relatioun tëscht dem Komponist a senger leschter Liewensstatioun erënneren. Presentéiert vum Guy Engels.