arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Bohuslav Martinu (1890-1959)
«Le grand écrivain de la symphonie», nennt de Schwäizer Dirigent Ernest Ansermet de Bohuslav Martinu. Gutt 50 Joer nom Antonin Dvorak senger Symphonie aus der Neuen Welt affirméiert sech an den USA deen nächsten tschechesche Komponist als e bedeitende Symphoniker. Den Zweete Weltkrich war d’Ursaach vum amerikaneschen Exil, wou de Martinu op Commande vun amerikaneschen Orchestere seng Symphonië schreift. Presentéiert vum Guy Engels.