arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Bohuslav Martinu (1890-1959)
1919 gëtt zu Prag dem Bohuslav Martinu seng tschechesch Rhapsodie opgefouert. De Succès vum Wierk bréngt et mat sech, datt de Martinu d’Geleeënheet kritt, op Paräis bei den Albert Roussel studéieren ze goen. Prag war schonn en europäesche Musekszentrum, wou déi ënnerschiddlechst Kulturen an ästhetesch Tendenzen sech gekräizt hunn. Zu Paräis huet de Martinu dat wibbelegt Kulturliewen a ganz aneren Dimensiounen erlieft. Seng Musek kritt nei Klangfaarwen, gëtt rhythmesch nach méi räich. Presentéiert vum Guy Engels.