Komponist:in vum Mount
Bohuslav Martinu (1890-1959)
Déi tschechesch Wuerzele vum Bohuslav Martinu senger Musek
Virun 125 Joer kënnt de Bohuslav Martin zu Policka op d'Welt. Béimen a seng Kultur sinn déi éischt Aflëss, mat deene sech de Komponist ausenanersetzt.
2015 huet d’Stad Policka a Béimen hire 750. Gebuertsdag gefeiert. Buergermeeschter ass am Ablack de Jaroslav Martinu. Dëse Familljennumm huet also Traditioun zu Policka, 1890, virun 125 Joer, kënnt de Bohuslav Martinu an der mëttelalterlecher Festungsstad op d’Welt. Béimen a seng Kultur sinn déi éischt Aflëss, mat deene sech de Komponist ausenanersetzt - ganz an der Traditioun vum Antonin Dvorak a vum Bedrich Smetana.
Presentéiert vum Guy Engels.