arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
César Franck (1822-1890 ) - D'Société nationale de musique
D'Kammermusek huet am 19. Joerhonnert a Frankräich nëmmen eng marginal Roll gespillt. Op den Affichen huet d'Grand Opéra dominéiert. 1871 gëtt d'Société nationale de musique gegrënnt, fir déi franséisch Musek méi staark z'ënnerstëtzen. D'Initiativ hat och e kulturpoliteschen Hannergrond nom däitsch-franséische Krich. Ee vun de Grënnungsmembere war de César Franck. Explikatioune vum Guy Engels.