arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Paul Dukas (1865-1935) - Journalist a Publizist
Mat iwwer 400 Zeitungsartikele war de Paul Dukas och een äifrege Museksjournalist. Dernieft huet hien theoretesch Schrëfte publizéiert an un enger éischter Gesamteditioun vum Rameau sengem Wierk matgeschafft.
De Guy Engels proposéiert e Portrait vun deem villsäitege Personnage an en Abléck an déi sëllech musikalesch Facetten vum Komponist Paul Dukas.