Komponist:in vum Mount
Frank Martin (1890-1974)
“Vom Anfang an erwies er sich als Lyriker, nicht als Symphoniker, und zwar als epischer Lyriker, als ein Künstler, dessen Musik vor allem Gesang ist, Gesang mit langem Atem, der sich in die Weite und in die Tiefe erstreckt.“ Dat schreift de Schwäizer Dirigent Ernest Ansermet iwwert säi Landsmann Frank Martin, dee vrun allem Vokalmusek geschriwwen huet. De Fils vun engem calvinistesche Genfer Paschtouer war e Wanderer tëscht de Welten, tëscht der Avantgarde an der Traditioun. Dem Frank Martin seng Musekssprooch ass eng Symbiose tëscht der Zwieleftountechnik vum Schönberg an der traditioneller Harmonie.
De Guy Engels kuckt an d’Wierk vum Schwäizer Komponist a wéi et haut vun der Société Frank Martin promovéiert gëtt.