Komponist:in vum Mount
De Komponist vun der Woch
Carl Nielsen (1865-1931)De Carl Nielsen ass fir Dänemark, wat de Jean Sibelius fir Finnland an den Edvard Grieg fir Norwegen bedeit - en ass de Komponist, dee säi Land op déi musikalesch Landkaart gesat huet. A sengem 150. Gebuertsjoer gëtt de Komponist dofir an Dänemark grouss gefeiert. Den däneschen Nationalsymphonieorchester féiert déi 6 Symphonië vum Nielsen op, am kinneklechen Theater zu Kopenhagen gëtt et nei Produktioune vun den Operen Maskerade a Saul an David. Op de Gebuertsdag selwer, den 9. Juni, ass eng grouss Nielsen-Soirée am Concertssall vum dänesche Radio. De Carl Nielsen ass en Ierwe vun der däitscher Spéitromantik, deen et fäerdeg bruecht huet, säin eegene musekalesche Vocabulaire z’entwéckelen. Seng Bléiserconcerti si feste Bestanddeel vum Repertoire, an och seng Symphonien etabléiere sech lues an de Concertsprogrammer.De Guy Engels bliedert am Feuilleton iwwert de Komponist vun der Woch an der Biographie an am Wierk vum Carl Nielsen a kuckt wéi de Stand vun der Nielsen-Fuerschung ass a wéi eng Bedeitung d’Feierlechkeete fir den 150. Gebuertsdag fir déi dänesch Musekszeen an doriwwer eraus hunn. (Rediff.)