Radioen

On air

Notturno  |  Tony Allen, Adrian Younge & Ali Shaheed Muhammad - Ebun

play_arrow Live
arrow_back_ios

Komponist:in vum Mount

100komma7.lu / Komponist:in vum Mount

/ De Komponist vun der Woch

De Komponist vun der Woch

Niccolò Paganini (1782-1840)Virun 150 Joer, de 27. Mee 1840, stierft zu Nice eng vun deene verwonnerlechste Figuren an der Museksgeschicht: den Niccolò Paginini. "Die langen Arme schienen noch verlängert, indem er in der einen Hand die Violine und in der anderen den Bogen gesenkt hielt und damit fast die Erde berührte, als er vor dem Publikum seine unerhörten Verbeugungen auskramte. In den eckigen Krümmungen seines Leibes lag eine schauerliche Hölzernheit und zugleich etwas närrisch Tierisches, daß uns bei diesen Verbeugungen eine sonderbare Lachlust anwandeln mußte; aber sein Gesicht, das durch die grelle Orchesterbeleuchtung noch leichenartig weißer erschien, hatte alsdann so etwas Flehendes, so etwas blödsinnig Demütiges, daß ein grauenhaftes Mitleid unsere Lachlust niederdrückte." Esou beschreift den Heinrich Heine seng Impressiounen no engem Concert zu Hamburg. Dem Paganini seng gakeg Gestalt, meeschtens schwaarz gekleet, mat hire laange Fangeren muss onheemlech op d’Mënsche gewierkt hunn. Datt en op der Gei dann och nach Geste fäerdeg bruecht huet, déi bis dato onméiglech waren, huet bal zwangsleefeg Gespréicher opkomme gelooss. De Paganini selwer huet säin dämoneschen Image gefleegt an dovunner profitéiert. Haut wësse mer, datt de Museker mat etleche Gebrieche geplot war, wat säin oft ongelenkt Optrieden erkläert. Seng Virtuositéit huet awer och ganz profan Ursaachen: een aussergewéinlecht Talent an de strengen, musekaleschen Drill vun engem éiergäizege Papp."Denn das ist es, was einen Musiker zum Virtuosen macht: dass das Publikum den Eindruck hat, das Stück ist schwer, aber dem, der es gerade spielt, bereitet es scheinbar keine Mühe." Esou definéiert d’Geiistin Julia Fischer de Virtuos. Ee vun deene gréisste Virtuosen aus dem 19. Joerhonnert ass den Niccolò Paganini. Mat senge flénke Fangeren, deene bal onméiglechen Duebelgrëff an aner Acrobatiën op der Gei, huet e säi Public verzaubert. D’Wierkung vum ganze Personnage muss enorm gewiescht sinn, wann een zäitgenësseschen Témoignagë gleewe kann. De Guy Engels hannerfreet de Phänomen vum Virtuos an déi aussergewéinlech Faszinatioun, déi de Paganini op d’Mënschen hat. (Rediff.)

Episoden

Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Erich Wolfgang Korngold

Erich Wolfgang Korngold

Dat éischt symphonescht Wierk no zéng Joer an der Filmindustrie zu Hollywood
headphones

6 min

play_arrow
Sammelen, Fuerschen a Vermëttelen

Sammelen, Fuerschen a Vermëttelen

E Gespréich mam Professer Dokter Wolfgang Sandberger, dem Direkter vum Brahms-Institut zu Lübeck
headphones

7 min

play_arrow
De Brahms um Instrument

De Brahms um Instrument

E Gespréich mam Joseph Moog iwwer de Johannes Brahms als Pianist
headphones

8 min

play_arrow
An American in Paris

An American in Paris

Wier alles nom George Gershwin sengem Wonsch gelaf, hätt eent vu sengen haut bekanntste Wierker wuel ganz anescht geklongen.
headphones

5 min

play_arrow
Klassik oder Jazz?

Klassik oder Jazz?

Dem George Gershwin seng Musek beweegt sech tëschent zwou Welten.
headphones

7 min

play_arrow
De Gaetano Donizetti (1797-1848)

De Gaetano Donizetti (1797-1848)

"Don Pasquale" - de leschte grousse Succès
headphones

7 min

play_arrow
De Gaetano Donizetti (1797-1848)

De Gaetano Donizetti (1797-1848)

D'Spéitphas vum Belcanto
headphones

9 min

play_arrow
D'Fuerschung ronderëm den Heinrich Schütz

D'Fuerschung ronderëm den Heinrich Schütz

Zanter ronn 350 Joer ass de Komponist dout. Trotzdeem ginn ëmmer nach Dokumenter vun him an iwwer hien entdeckt.
headphones

8 min

play_arrow
De Mënsch am Zentrum vun der Musek

De Mënsch am Zentrum vun der Musek

D'Sopranistin Véronique Nosbaum gëtt en déiwen Abléck an den éischte Saz vum Heinrich Schütz senge "Kleine geistliche Konzerte".
headphones

8 min

play_arrow
De Mënsch am Zentrum vun der Musek

De Mënsch am Zentrum vun der Musek

D'Sopranistin Véronique Nosbaum gëtt en déiwen Abléck an den éischte Saz vum Heinrich Schütz senge "Kleine geistliche Konzerte".
headphones

8 min

play_arrow
Den Anton Bruckner (1824-1896)

Den Anton Bruckner (1824-1896)

Perspektiv 2024 - den 200. Gebuertsdag vum Komponist
headphones

9 min

play_arrow
Den Anton Bruckner (1824-1896)

Den Anton Bruckner (1824-1896)

Perspektiv 2024 - den 200. Gebuertsdag vum Komponist
headphones

9 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Bedeitend franséisch Klarinettisten-Komponisten am 19. Joerhonnert
headphones

6 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Bedeitend franséisch Klarinettisten-Komponisten am 19. Joerhonnert
headphones

6 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

D'Entwécklung vun der Klarinett
headphones

8 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

D'Entwécklung vun der Klarinett
headphones

8 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Vum Militärmuseker zum Klarinettevirtuos
headphones

7 min

play_arrow