Komponist:in vum Mount
De Komponist vun der Woch
Alexander Skrjabin (1871-1915)Obschonn den Igor Strawinsky an den Alexander Skrjabin allebéid aus der russesch-nationaler Museksschoul kommen, si se an hirer kënschtlerescher Entwécklung komplett verschidde Weeër gaangen. Während den Igor Strawinsky nach ëmmer ee Fouss an der Klassik-Romantik hat, huet den Alexander Skrjabin resolut an d'Zukunft gekuckt. Fir hie war d'Musek als Ausdrocksform keng selbstänneg, onofhängeg Konscht. Hien huet se an Zesummenhang mat anere mënschleche Sënner bruecht: Héieren, kucken, fillen… D'Musek hat fir de Skrjabin am wuertwiertleche Sënn Klangfaarwen. E war iwwerzeegt, datt een all Klang mat enger Faarf associéiere kéint: De Skrjabin war Synästhesist, eng philosophesch Haltung, déi säi Spéitwierk Prométhée. Le poème du feu, wesentlech beaflosst huet. Am éischten Deel vum Feuilleton iwwert de Komponist vun der Woch kuckt de Guy Engels op d’Entwécklung vun der russescher Musek bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert zréck. (Rediff.)