Komponist:in vum Mount
De Komponist vun der Woch
8 min
Carlo Gesualdo (1566-1613)De Carlo Gesualdo ass en typesche Vertrieder vun der Renaissance-Musek, déi inhaltlech méi subjektiv, méi ausdrocksstaark ass, wéi d’Musek am Mëttelalter a formal mat der Polyphonie – dem villstëmmege Saz – nei Jalonë setzt. Ludwig Senfl an Hans Leo Hassler si bedeitend Vertrieder aus dem däitsche Raum. Eng wichteg Roll spillt déi flämesch Schoul mat ë.a. dem Orlando di Lasso. An Italien sinn den Giovanni Pierluigi da Palestrina an de Claudio Monteverdi d’Protagoniste vun der Musekszeen, op där sech de Carlo Gesualdo 1594 eng éischte Kéier mat sengem 5stëmmege Libro primo madrigali weist. Een Abléck an eng musikalesch spannend Zäit.D’15. an d’16. Joerhonnert ware spannend Zäiten an der Geschicht – den Opbroch an eng nei Ära, d’Zäit vum Humanismus. Agelaut gouf déi nei Epoque am Joer 1453 mam Enn vum fréieren ostréimesche Räich. D’Osmanen eruewere Konstantinopel a provozéieren doduerch ënner anerem d’Fuite vu griechesche Geléierten an Europa. Mat hinne kommen och vill antik Schrëften op de Kontinent. Déi hellenistesch Welt erlieft eng Renaissance a beaflosst ganz wesentlech d’Literatur, d’Philosophie, d’Konscht an d’Wëssenschaften iwwert déi nächst Joerhonnerten. Och an der Musek huet d’Renaissance däitlech Spuren hannerlooss. De Guy Engels gëtt eis en Abléck an d’Opbrochstëmmung vun der Renaissance, déi och eise Komponist vun der Woch, de Carlo Gesualdo erfaasst hat. (Rediff.)