Radioen

On air

Notturno  |  Os Mutantes - Tudo Foi Feito Pelo Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

Komponist:in vum Mount

100komma7.lu / Komponist:in vum Mount

/ De Komponist vun der Woch

De Komponist vun der Woch

Manuel de Falla (1876-1946)De Manuel de Falla kënnt an enger musekalescher Famill zu Cadiz op d’Welt. Vun Ufank un interesséiert hie sech fir de lokalen a regionale Folklor. Ee vu senge fréie Lieder-Zyklen, "Siete canciones populares españolas", verréit däitlech d'Inspiratiounsquell vu senger Musek. An de Joren 1907 bis 1914 lieft de Manuel de Falla zu Paräis, wou seng Musek déi impressionistesch Touche vun engem Claude Debussy kritt.  Seng Kompositiounen hunn e spuenesche Kolorit, duerch d'Rhythmik an d'Harmonien, et ass eng Musek, déi kloer hir Originne bekennt, ouni datt et awer pure Folklor wier. Dem Manuel de Falla seng Musek ass net iwwerflächlech, si gebraucht bestëmmte folkloristesch Uspillungen, fir méi Déift ze kréien: Musek éischter "en espagnole" wéi "à l'espagnol".Wat ass eigentlech spuenesch Musek, wéi léisst se sech definéieren? Mat eise gängege Clichéë vun Tambourin, Flamenco a Kastagnetten komme mir net ganz wäit. Sonneg Kläng, vill Rhythmus, Gitarren, dë Stëps vun enger Stéierkampfarena, dat sinn d'Virstellungen, mat deene mir d’Musek aus Spuenien gäre verbannen. Am Feuilleton iwwert de Komponist vun der Woch, de Manuel de Falla, mécht sech de Guy Engels op d'Sich vun de Wuerzelen vun der spuenescher Musek. Presentéiert vum Guy Engels. (Rediff.)

Episoden

Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Erich Wolfgang Korngold

Erich Wolfgang Korngold

Dat éischt symphonescht Wierk no zéng Joer an der Filmindustrie zu Hollywood
headphones

6 min

play_arrow
Sammelen, Fuerschen a Vermëttelen

Sammelen, Fuerschen a Vermëttelen

E Gespréich mam Professer Dokter Wolfgang Sandberger, dem Direkter vum Brahms-Institut zu Lübeck
headphones

7 min

play_arrow
De Brahms um Instrument

De Brahms um Instrument

E Gespréich mam Joseph Moog iwwer de Johannes Brahms als Pianist
headphones

8 min

play_arrow
An American in Paris

An American in Paris

Wier alles nom George Gershwin sengem Wonsch gelaf, hätt eent vu sengen haut bekanntste Wierker wuel ganz anescht geklongen.
headphones

5 min

play_arrow
Klassik oder Jazz?

Klassik oder Jazz?

Dem George Gershwin seng Musek beweegt sech tëschent zwou Welten.
headphones

7 min

play_arrow
De Gaetano Donizetti (1797-1848)

De Gaetano Donizetti (1797-1848)

"Don Pasquale" - de leschte grousse Succès
headphones

7 min

play_arrow
De Gaetano Donizetti (1797-1848)

De Gaetano Donizetti (1797-1848)

D'Spéitphas vum Belcanto
headphones

9 min

play_arrow
D'Fuerschung ronderëm den Heinrich Schütz

D'Fuerschung ronderëm den Heinrich Schütz

Zanter ronn 350 Joer ass de Komponist dout. Trotzdeem ginn ëmmer nach Dokumenter vun him an iwwer hien entdeckt.
headphones

8 min

play_arrow
De Mënsch am Zentrum vun der Musek

De Mënsch am Zentrum vun der Musek

D'Sopranistin Véronique Nosbaum gëtt en déiwen Abléck an den éischte Saz vum Heinrich Schütz senge "Kleine geistliche Konzerte".
headphones

8 min

play_arrow
De Mënsch am Zentrum vun der Musek

De Mënsch am Zentrum vun der Musek

D'Sopranistin Véronique Nosbaum gëtt en déiwen Abléck an den éischte Saz vum Heinrich Schütz senge "Kleine geistliche Konzerte".
headphones

8 min

play_arrow
Den Anton Bruckner (1824-1896)

Den Anton Bruckner (1824-1896)

Perspektiv 2024 - den 200. Gebuertsdag vum Komponist
headphones

9 min

play_arrow
Den Anton Bruckner (1824-1896)

Den Anton Bruckner (1824-1896)

Perspektiv 2024 - den 200. Gebuertsdag vum Komponist
headphones

9 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Bedeitend franséisch Klarinettisten-Komponisten am 19. Joerhonnert
headphones

6 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Bedeitend franséisch Klarinettisten-Komponisten am 19. Joerhonnert
headphones

6 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

D'Entwécklung vun der Klarinett
headphones

8 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

D'Entwécklung vun der Klarinett
headphones

8 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Vum Militärmuseker zum Klarinettevirtuos
headphones

7 min

play_arrow