Komponist:in vum Mount
De Komponist vun der Woch
Arnold Schönberg (1874-1951)Wien am Joer 1874: Zanter 26 Joer ass de Franz-Joseph Keeser vun Éisträich-Ungarn – e Konstrukt, dat vun 1867 u strukturell als Duebel-Monarchie fonctionnéiert. D'Häerz vum Habsburger-Imperium schléit zu Wien, déi Zäit eng Weltmetropol, eng multikulturell a multi-ethnesch Stad, déi d’Spigelbild vum Vielvölkerstaat ass. An dëser wibbeleger Stad tëscht Konservatismus an der Avantgarde kënnt – ee Joer no der Weltausstellung – den 13. September 1874 den Arnold Schönberg op d'Welt, ee Protagonist vun engem radikale Wandel an der Musek. Duerfir huet den Arnold Schönberg awer fir d’éischt missen déi spéitromantesch Traditioun iwwerwannen, an déi en eragebuer gouf.Eng Emissioun vum Guy Engels. (Rediff.)