Komponist:in vum Mount
De Komponist vun der Woch
Joseph Haydn (1732-1809)Rohrau ass eng kleng Stiedche mat ronn 1500 Awunner. Si läit an Nidderéisteräich, un der tschechescher an der slowakescher Grenz. D'Gemengenhaus ass um Joseph-Haydn-Platz. Direkt virdru steet ee Monument, dat un de Komponist erënnert, an net wäit ewech ass dem Joseph Haydn säin Elterenhaus. Aus där bescheidener Bauerenhäip, an där den Haydn 1732 op d'Welt koum, ass an Tëschenzäit e Musée ginn. Et war e klengt Universum, an dat de Komponist eragebuer gi war. Ausser der Gewan an nach e puer Dierfer ronderëm huet deen talentéierten a montere Bouf näischt kannt. Wien, d'Häerz vun der Habsburger-Monarchie, war zwar nëmme 50 Kilometer ewech, an awer war et fir den Haydn eng friem Welt, an déi e mat 17 Joer erakatapultéiert gouf. Dee fläissegen an intelligente jonke Museker schafft sech berufflech erop a klëmmt och lues a lues an der sozialer Hierarchie. De Guy Engels begleet eise Komponist vun der Woch op sengen éischte Schrëtt am Milieu vun der éisträichescher Aristokratie, 30 Joer virun der franséischer Revolutioun. (Rediff.)