Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount: Juli
Alexander Glazunov – 150. Gebuertsdag (10.8.2015)1895 schreift den Alexander Glazunov eng Kantat fir d’Kréinung vum leschte russeschen Zar, dem Nikolaus II. Dës Commande ënnersträicht d’Bedeitung vum Komponist am russesche Museksliewen, deen 1905 Direkter vum Conservatoire zu St. Petersburg gouf. Den Alexander Glazunov féiert Traditioun vum Nikolai Rimsky-Korsakov weider, inspiréiert duerch seng nei Harmonien awer och schonn déi nächst Generatioun mat hire Protagonisten Igor Strawinsky an Dimitri Schostakowitsch. Bis un d’Enn vu sengem Liewe blouf de Glazunov op fir Neies. Dräi Joer viru sengem Doud, den 21. Mäerz 1936, schreift e säi Concerto fir Saxophon, een Instrument, dat säi Wee an déi klassesch Musek nach gesicht huet. Eng Emissioun vum Guy Engels.(Rediff. um 19:20)