Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
1994 gouf op Initiativ vum dänesche Kulturministère d’Carl-Nielsen-Gesamteditioun lancéiert. An 33 Bänn si sämtlech Wierker editéiert, musikologesch analyséiert a kommentéiert. Parallell dozou goufen dem Carl Nielsen seng Schrëfte publizéiert an d’Carl-Nielsen-Studien gegrënnt. Si begleeden déi kultur- a musekwëssenschaftlech Beschäftegung mam Carl Nielsen sengem Wierk an engem méi breede Kontext. Wéi eng Bedeitung huet de Carl Nielsen haut, a wéi feiert Dänemark den 150. Gebuertsdag vum Komponist? Erklärunge vum Guy Engels. (Rediff. um 19:20)