Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
An de Joren 1914-1916 schreift de Carl Nielsen seng 4. Symphonie Das Unauslöschliche. Et ass eent vun de markante Wierker aus deene battere Joren, dat inhaltlech Stellung zum Drama vum Éischte Weltkrich hëlt. De Carl Nielsen huet d’Zäitgenosse mat senge Symphonien ëmmer nees iwwerrascht. Siele kann ee sech bei senger Musek gemittlech ariichten, well een no den éischten Täkt mengt ze wëssen, wéi et weidergeet. Wie géif matten am éischte Saz vun der 3. Symphonie z.B. een ausgeloossene Walzer erwaarden oder 4 reng Schléi um Klackespill als Aleedung vun der 6. Symphonie. Dem Carl Nielsen seng Symphonien, hir Spezifizitéit an hir Bedeitung am Ufank vum 20. Joerhonnert sinn Thema am Feuilleton vum Guy Engels. (Rediff. um 19:20)