Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
1906 war d’Uropféierung vum Carl Nielsen senger Oper Maskerade op e Libretto vum Ludvig Holberg. Déi musikalesch Comédie ass de Pendant zum dramatesche Véierakter Saul und David vun 1902. Nieft der Oper huet den Nielsen och Kammermusek geschriwwen a vill dänesch Lyrik a Lied-Form vertount. Ganz besonnesche Succès huet de Komponist awer bis haut mat sengem Concerto fir Flütt a sengem Concerto fir Klarinett – zwee spéit Wierker aus den 20er Joren, déi schonn iwwert d’Spéitromantik eraus sinn. Erklärunge vum Guy Engels. (Rediff. um 19:20)