Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Carl NielsenDe Carl Nielsen ass fir Dänemark, wat de Jean Sibelius fir Finnland an den Edvard Grieg fir Norwegen bedeit - en ass de Komponist, dee säi Land op déi musikalesch Landkaart gesat huet. A sengem 150. Gebuertsjoer gëtt de Komponist dofir an Dänemark grouss gefeiert. Den däneschen Nationalsymphonieorchester féiert déi 6 Symphonië vum Nielsen op, am kinneklechen Theater zu Kopenhagen gëtt et nei Produktioune vun den Operen Maskerade a Saul an David. Op de Gebuertsdag selwer, den 9. Juni, ass eng grouss Nielsen-Soirée am Concertssall vum dänesche Radio. De Carl Nielsen ass en Ierwe vun der däitscher Spéitromantik, deen et fäerdeg bruecht huet, säin eegene musekalesche Vocabulaire z’entwéckelen. Seng Bléiserconcerti si feste Bestanddeel vum Répertoire, an och seng Symphonien etabléiere sech lues an de Concertsprogrammen.De Guy Engels bliedert am Feuilleton iwwert de Komponist vum Mount an der Biographie an am Wierk vum Carl Nielsen a kuckt wéi de Stand vun der Nielsen-Fuerschung ass a wéi eng Bedeitung d’Feierlechkeete fir den 150. Gebuertsdag fir déi dänesch Musekszeen an doriwwer eraus hunn.Bedéngt duerch déi beweegte Geschicht vun de skandinavesche Länner als Deel vun europäesche Groussmuechten, ass d’Musek aus Schweden, Norwegen, Finnland an Dänemark laang net als eegestänneg considéréiert ginn. Am 19. Joerhonnert, wéi sech uechter Europa den nationalstaatleche Gedanke breet gemaach huet, entwéckelt sech och e Bewosstsinn fir déi eege Musek. De Carl Nielsen sammelt als jonke Borscht éischt musikalesch Erfahrungen an engem Blosorchester zu Odense – eng kulturell ganz wibbeleg Stad. Um Conservatoire zu Kopenhagen studéiert hie bei där éischter Generatioun vun dänesche Komponisten: dem Niels Wilhelm Gade an dem Johann Peter Emilius Hartmann. De Guy Engels skizzéiert d’Genesis vun der skandinavescher a méi speziell vun der dänescher Musek. (Rediff. um 19:20)