Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Niccolò Paganini (1782 – 1840)Paganiniana – et gëtt wuel kaum eng Kompositioun, déi spéider Generatiounen esou staark inspiréiert huet, ewéi dem Niccolò Paganini säi 24. Caprice. Vum Johannes Brahms bis bei de Witold Lutoslawski: E sëlleche Komponisten hunn hir ganz eege Lecture vun dësem Caprice gemaach an derfir gesuergt, datt d’Wierkung vum "Teufelsgeiger" bis haut unhält. De Guy Engels mat Thema a Variatiounen. (Rediff. um 19:20)