Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
8 min
Niccolò Paganini (1782 – 1840)Als quasi autarke Museker huet den Niccolò Paganini gréisstendeels fir sech selwer komponéiert an och am léifsten eege Wierker gespillt. Fir dat och nëmme keen anere sollt u seng Partiture kommen, huet e meeschtens no engem Concert selwer d’Nouten esou séier agesammelt wéi et nëmme goung. Haut gehéiere seng 24 Capricen a seng 5 Concerti zu deene schwieregste Stécker am Repertoire, laanscht déi kee Museker kënnt, deen eppes op sech hält. De Guy Engels proposéiert e kuerzen Abléck am Komponist säi Wierk. (Rediff. um 19:20)