Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
8 min
Niccolò Paganini (1782 – 1840)Virun 150 Joer, de 27. Mee 1840, stierft zu Nice eng vun deene verwonnerlechste Figuren an der Museksgeschicht: den Niccolò Paginini. „Die langen Arme schienen noch verlängert, indem er in der einen Hand die Violine und in der anderen den Bogen gesenkt hielt und damit fast die Erde berührte, als er vor dem Publikum seine unerhörten Verbeugungen auskramte. In den eckigen Krümmungen seines Leibes lag eine schauerliche Hölzernheit und zugleich etwas närrisch Tierisches, daß uns bei diesen Verbeugungen eine sonderbare Lachlust anwandeln mußte; aber sein Gesicht, das durch die grelle Orchesterbeleuchtung noch leichenartig weißer erschien, hatte alsdann so etwas Flehendes, so etwas blödsinnig Demütiges, daß ein grauenhaftes Mitleid unsere Lachlust niederdrückte.“ Esou beschreift den Heinrich Heine seng Impressiounen no engem Concert zu Hamburg. Dem Paganini seng gakeg Gestalt, meeschtens schwaarz gekleet, mat hire laange Fangeren muss onheemlech op d’Mënsche gewierkt hunn. Datt en op der Gei dann och nach Geste fäerdeg bruecht huet, déi bis dato onméiglech waren, huet bal zwangsleefeg Gespréicher opkomme gelooss. De Paganini selwer huet säin dämoneschen Image gepfleegt an dovunner profitéiert. Haut wësse mer, datt de Museker mat etleche Gebrieche geplot war, wat säin oft ongelenkt Optrieden erkläert. Seng Virtuositéit huet awer och ganz profan Ursaachen: een aussergewéinlecht Talent an de strengen, musekaleschen Drill vun engem éiergäizege Papp.„Denn das ist es, was einen Musiker zum Virtuosen macht: dass das Publikum den Eindruck hat, das Stück ist schwer, aber dem, der es gerade spielt, bereitet es scheinbar keine Mühe.“ Esou definéiert d’Geiistin Julia Fischer de Virtuos. Ee vun deene gréisste Virtuosen aus dem 19. Joerhonnert ass den Niccolò Paganini. Mat senge flénke Fangeren, deene bal onméiglechen Duebelgrëff an aner Acrobatiën op der Gei, huet e säi Public verzaubert. D’Wierkung vum ganze Personnage muss enorm gewiescht sinn, wann een zäitgenësseschen Témoignagë gleewe kann. De Guy Engels hannerfreet de Phänomen vum Virtuos an déi aussergewéinlech Faszinatioun, déi de Paganini op d’Mënschen hat.(Rediff. um 19:20)