Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Alexander Skrjabin (1871-1915)Zënter dem Franz Liszt huet sech mat der symphonescher Dichtung oder der Toundichtung en neie Genre fest am Repertoire etabléiert. Den Alexander Skrjabin huet 3 Toundichtungen, Kompositiounen, déi entweder op literaresche Virlagen oder och philosopheschen Iddie baséieren, geschriwwen. No der "Rêverie" (1898) gëtt 1908 zu New York säi “Poème de l’Extase“ uropgefouert, op en eegent Gedicht vum Komponist: "Ich rufe euch zum Leben, ihr geheimnisvollen Kräfte/Versunken in den dunklen Tiefen/Des Schöpfergeistes/Ihr ängstlichen Schatten des Lebens,/Euch bringe ich Kühnheit." Eng Emissioun vum Guy Engels. (Rediff. um 19:20)