Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
8 min
Carlo Gesualdo Erzielungen, Romaner, ee Film, eng Rëtsch Operen an Instrumentalwierker: Dem Carlo Gesualdo seng Musek a säi Liewen hu spéider Generatioune staark faszinéiert. Nach iwwer 400 Joer no sengem Doud setze sech Schrëftsteller a Komponiste mat deem aussergewéinlechen Personnage ausenaner. Dee bis dato leschte war dee franséische Komponist Marc-André Dabalvie mat der Oper „Gesualdo“, déi 2010 zu Zürich uropgefouert gouf. De Guy Engels iwwert eise Komponist vum Mount a seng Nowierkungen.(Rediff. um 19:20)