Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
8 min
Carlo Gesualdo Fachleit considéréieren dem Carlo Gesualdo seng geeschtlech Musek – d’Sacrae cantiones an d’Responsorien fir d’Karwoch - als seng bescht Wierker. Et si Kompositiounen, déi en alleguerten um Enn vu sengem Liewe geschriwwen huet. Eng Partie vun dëse Kompositioune sinn nëmmen fragmentaresch iwwerliwwert, an et gouf ëmmer nees probéiert, se ze reconstituéieren an ze complétéieren.Eigentlech hätt de Carlo Gesualdo sollte Geeschtleche ginn – ganz nom berühmte Virbild aus der Famill, dem Kardinol Carlo Borromeo. Nom Doud vu sengem eelere Brudder huet en awer dunn missen op déi administrativ a politesch Geschäfter vun engem Prënz vu Gesualdo virbereed ginn an d’Successioun vum Papp assuréieren. War et déi ugeduechte Carrière vum Geeschtlechen, déi de Carlo Gesualdo duerzou bruecht huet, och sakral Musek ze komponéieren? Oder war et éieren dat schlecht Gewëssen, dat en nom Muerd u senger Fra geplot huet? De Guy Engels mam Feuilleton iwwert de Komponist vum Mount Mäerz – de Carlo Gesualdo. (Rediff. um 19:20)