Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
8 min
Carlo Gesualdo1594 publizéiert e gewësse Giuseppe Piloni zu Ferrara e Buch mat Madrigalen, déi en awer net selwer komponéiert huet. Den Auteur ass den Don Carlo Gesualdo, Principe di Venosa. Bicher schreiwen, dat war keng passend Beschäftegung fir en Aristokrat. Scho kuerz drop kommen déi nächst Sammlunge mat 5stëmmege weltleche Lidder eraus. Firwat de Carlo Gesualdo, deem seng Domainen a Süditalien leien, ausgerechent bei een Imprimeur op Ferrara, an de Fief vun der bedeitender Adelsfamill d’Este geet, a wéi eng Bedeitung seng Madrigalen hunn, dat sinn Themen vun dësem Feuilleton.Wat ass wierklech an der Nuecht vum 16. Oktober 1590 geschitt? D’Chroniste verziele vun enger extrem brutaler Dod vum Prënz Carlo Gesualdo di Venosa, dee seng Fra an hiren Amant ëmbruecht huet. Ee Prënz, Komponist a Mäerder – dat ass de Stoff fir ë sëllechen Operen an och ee Film an den 90er Joren. Et ass awer net nëmmen dee gräisslechen Akt vu Jalousie, dee spéider Generatiounen, faszinéiert, mee och d’Modernitéit vum Gesualdo senger Musek – onkonventionnell Musek, an enger Period, déi mat ville Konventioune brécht. De Guy Engels bliedert an der Vita vum Carlo Gesualdo a stellt seng weltlech Kompositioune vir. (Rediff. um 19:20)