Radioen

On air

Notturno  |  Os Mutantes - Tudo Foi Feito Pelo Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

Komponist:in vum Mount

100komma7.lu / Komponist:in vum Mount

/ De Komponist vum Mount

De Komponist vum Mount

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow

Carlo GesualdoDe Carlo Gesualdo ass een typesche Vertrieder vun der Renaissance-Musek, déi inhaltlech méi subjektiv, méi ausdrocksstaark ass, wéi d’Musek am Mëttelalter a formal mat der Polyphonie – dem villstëmmege Saz – nei Jalonë setzt. Ludwig Senfl an Hans Leo Hassler si bedeitend Vertrieder aus dem däitsche Raum. Eng wichteg Roll spillt déi flämesch Schoul mat ë.a. dem Orlando di Lasso. An Italien sinn den Giovanni Pierluigi da Palestrina an de Claudio Monteverdi d’Protagonisten vun der Musekszeen, op där sech de Carlo Gesualdo 1594 eng éischte Kéier mat sengem 5stëmmege Libro primo madrigali weist. Een Abléck an eng musikalesch spannend Zäit.D’15. an d’16. Joerhonnert ware spannend Zäiten an der Geschicht – den Opbroch an eng nei Ära, d’Zäit vum Humanismus. Agelaut gouf déi nei Epoque am Joer 1453 mam Enn vum fréieren ostréimesche Räich. D’Osmanen eruewere Konstantinopel a provozéieren doduerch ënner anerem d’Fuite vu griechesche Geléierten an Europa. Mat hinnen kommen och vill antik Schrëften op de Kontinent. Déi hellenistesch Welt erlieft eng Renaissance a beaflosst ganz wesentlech d’Literatur, d’Philosophie, d’Konscht an d’Wëssenschaften iwwert déi nächst Joerhonnerten. Och an der Musek huet d’Renaissance däitlech Spuren hannerlooss. De Guy Engels gëtt eis een Abléck an d’Opbrochstëmmung vun der Renaissance, déi och eise Komponist vum Mount, de Carlo Gesualdo erfaasst hat.(Rediff. um 19:20)

Episoden

Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Erich Wolfgang Korngold

Erich Wolfgang Korngold

Dat éischt symphonescht Wierk no zéng Joer an der Filmindustrie zu Hollywood
headphones

6 min

play_arrow
Sammelen, Fuerschen a Vermëttelen

Sammelen, Fuerschen a Vermëttelen

E Gespréich mam Professer Dokter Wolfgang Sandberger, dem Direkter vum Brahms-Institut zu Lübeck
headphones

7 min

play_arrow
De Brahms um Instrument

De Brahms um Instrument

E Gespréich mam Joseph Moog iwwer de Johannes Brahms als Pianist
headphones

8 min

play_arrow
An American in Paris

An American in Paris

Wier alles nom George Gershwin sengem Wonsch gelaf, hätt eent vu sengen haut bekanntste Wierker wuel ganz anescht geklongen.
headphones

5 min

play_arrow
Klassik oder Jazz?

Klassik oder Jazz?

Dem George Gershwin seng Musek beweegt sech tëschent zwou Welten.
headphones

7 min

play_arrow
De Gaetano Donizetti (1797-1848)

De Gaetano Donizetti (1797-1848)

"Don Pasquale" - de leschte grousse Succès
headphones

7 min

play_arrow
De Gaetano Donizetti (1797-1848)

De Gaetano Donizetti (1797-1848)

D'Spéitphas vum Belcanto
headphones

9 min

play_arrow
D'Fuerschung ronderëm den Heinrich Schütz

D'Fuerschung ronderëm den Heinrich Schütz

Zanter ronn 350 Joer ass de Komponist dout. Trotzdeem ginn ëmmer nach Dokumenter vun him an iwwer hien entdeckt.
headphones

8 min

play_arrow
De Mënsch am Zentrum vun der Musek

De Mënsch am Zentrum vun der Musek

D'Sopranistin Véronique Nosbaum gëtt en déiwen Abléck an den éischte Saz vum Heinrich Schütz senge "Kleine geistliche Konzerte".
headphones

8 min

play_arrow
De Mënsch am Zentrum vun der Musek

De Mënsch am Zentrum vun der Musek

D'Sopranistin Véronique Nosbaum gëtt en déiwen Abléck an den éischte Saz vum Heinrich Schütz senge "Kleine geistliche Konzerte".
headphones

8 min

play_arrow
Den Anton Bruckner (1824-1896)

Den Anton Bruckner (1824-1896)

Perspektiv 2024 - den 200. Gebuertsdag vum Komponist
headphones

9 min

play_arrow
Den Anton Bruckner (1824-1896)

Den Anton Bruckner (1824-1896)

Perspektiv 2024 - den 200. Gebuertsdag vum Komponist
headphones

9 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Bedeitend franséisch Klarinettisten-Komponisten am 19. Joerhonnert
headphones

6 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Bedeitend franséisch Klarinettisten-Komponisten am 19. Joerhonnert
headphones

6 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Déi däitsch an déi franséisch Schoul
headphones

7 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

D'Entwécklung vun der Klarinett
headphones

8 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

D'Entwécklung vun der Klarinett
headphones

8 min

play_arrow
Den Heinrich Joseph Bärmann

Den Heinrich Joseph Bärmann

Vum Militärmuseker zum Klarinettevirtuos
headphones

7 min

play_arrow