Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Manuel de Falla (1876-1946)De Manuel de Falla kënnt an der musekalescher Famill zu Cadiz op d’Welt. Vun Ufank un interesséiert hie sech fir de lokalen a regionalen Folklore. Ee vu senge fréie Lieder-Zyklen, “Siete canciones populares españolas”, verréit däitlech d’Inspiratiounsquelle vu senger Musek. An de Joren 1907 bis 1914 lieft de Manuel de Falla zu Paräis, wou seng Musek och déi impressionistesch Touche vun engem Claude Debussy kritt. Seng Kompositioun hunn e spueneschen Kolorit, duerch d’Rhythmik an d’Harmonien, et ass eng Musek, déi kloer hir Origine bekennt, ouni datt et awer pure Folklore wier. Dem Manuel de Falla seng Musek ass net iwwerflächlech, si gebraucht bestëmmte folkloristesch Uspillungen, fir méi Déift ze kréien: Musek éischter “en espagnole” wéi “à l’espagnole”.De 14. November 1946 stierft de Manuel de Falla zu Buenos Aires. E war 1939 aus Spuenien fortgaangen, nodeems de Franco säi Régime zu Madrid etabléiert hat. De Komponist huet nieft Noutemanuskripter eng grouss Bibliotéik an eng Hellewull u Korrespondenz hannerlooss. Déi Dokumenter goufen fir d’éischt am Familljenarchiv versuergt, éier se 1991 an den Archivo Manuel de Falla op Granada koumen. De Guy Engels hëllt mat an den Zentrum vun der Manuel-de-Falla-Fuerschung.(Rediff. um 19:20)