Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Manuel de Falla (1876-1946)De Manuel de Falla kënnt an der musekalescher Famill zu Cadiz op d’Welt. Vun Ufank un interesséiert hie sech fir de lokalen a regionalen Folklore. Ee vu senge fréie Lieder-Zyklen, “Siete canciones populares españolas”, verréit däitlech d’Inspiratiounsquelle vu senger Musek. An de Joren 1907 bis 1914 lieft de Manuel de Falla zu Paräis, wou seng Musek och déi impressionistesch Touche vun engem Claude Debussy kritt. Seng Kompositioun hunn e spueneschen Kolorit, duerch d’Rhythmik an d’Harmonien, et ass eng Musek, déi kloer hir Origine bekennt, ouni datt et awer pure Folklore wier. Dem Manuel de Falla seng Musek ass net iwwerflächlech, si gebraucht bestëmmte folkloristesch Uspillungen, fir méi Déift ze kréien: Musek éischter “en espagnole” wéi “à l’espagnole”.Presentéiert vum Guy Engels.Wann een am Manuel de Falla sengem Wierkkatalog bliedert, fënnt ee kaum Kompositiounen, déi kee Bezug op Spuenien an d’Volléksmusek hunn. Dat gëllt fir d’Kammermusek, d’Vokalmusek, d’Pianoskompositiounen an och d’Bühnewierker. Vu Symphonien geet beim Manuel de Falla keng Rieds. Eise Komponist vum Mount hat schonn fréi d’Iddi opginn, absolut Musék ze schreiwen – eng Musék ouni Bezuch op iergendwellech aner Quellen. Säi groussen Intressi huet der Bühn gegollen. Mat senge Balletsmuseken, déi haut am Mëttelpunkt vum Guy Engels sengem Feuilleton stinn, hat an huet de Manuel de Falla säi gréisste Succès.(Rediff. um 19:20)