Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Quasi ouni ee Su an der Täsch, reest de Manuel de Falla op 1907 op Paräis. Am Gepäck huet en seng éischt Oper « La vida breve », fir déi en ee Kompositiounspräis gewonnen hat. Mee Spuenien war deem scheien, zeréckhalende Muséker ze kleng ginn, ze wäit ewech vum europäeschen Museksliewen. De Manuel de Falla geet als Komponist aus Spuenien op Paräis. 1914 kënnt en als spueneschen Komponist zeréck op Madrid.Dem Manuel de Falla seng Paräisser Joren sinn haut dem Guy Engels säin Thema am Feuilleton iwwert de Komponist vum Mount. (Rediff. um 19:20)