Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Manuel de Falla (1876-1946)De Manuel de Falla kënnt an enger musekalescher Famill zu Cadiz op d’Welt. Vun Ufank un interesséiert hie sech fir de lokalen a regionale Folklor. Ee vu senge fréie Lieder-Zyklen, “Siete canciones populares españolas”, verréit däitlech d’Inspiratiounsquelle vu senger Musek. An de Joren 1907 bis 1914 lieft de Manuel de Falla zu Paräis, wou seng Musek déi impressionistesch Touche vun engem Claude Debussy kritt. Seng Kompositiounen hunn e spuenesche Kolorit, duerch d’Rhythmik an d’Harmonien, et ass eng Musek, déi kloer hir Originne bekennt, ouni datt et awer pure Folklor wier. Dem Manuel de Falla seng Musek ass net iwwerflächlech, si gebraucht bestëmmte folkloristesch Uspillungen, fir méi Déift ze kréien: Musek éischter “en espagnole” wéi “à l’espagnol”.Presentéiert vum Guy Engels.Wat ass eigentlech spuenesch Musek, wéi léisst se sech définéieren? Mat eise gängege Clichéë vun Tambourin, Flamenco a Kastagnetten komme mir net ganz wäit. Sonneg Kläng, vill Rhythmus, Gitarren, dë Stëps vun enger Stéierkampfarena, dat sin d’Virstellungen, mat deene mir d’Musek aus Spuenien gäre verbannen. Am Feuilleton iwwert de Komponist vum Mount, de Manuel de Falla, mécht sech de Guy Engels op d’Sich vun de Wuerzelen vun der spuenescher Musek. (Rediff. um 19:20)