Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Joseph Haydn (1732-1809)De Joseph Haydn ass am spéiden 18. Joerhonnert den Doyen vun den europäesche Komponisten. Vill jonk Museker kucke mat Bewonnerung a Respekt op dee Mann, deen eréischt am Alter vu 60 Joer eng international Carrière mécht. “Hoboken ist Haydns Köchel”, sot deen éisträichesche Musekswëssenschaftler an Archivdirekter vun der “Gesellschaft der Musikfreunde” zu Wien, den Otto Biba. Et war eng Herkules-Aufgab, déi säin hollännesche Beruffskolleg Anthony van Hoboken geleescht huet – ee systemateschen Katalog vum Joseph Haydn sengem Gesamtwierk opzestellen. De Guy Engels stellt eis deen akribesche Fuerscher vir.(Rediff. um 19:20)