Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Joseph Haydn (1732-1809)De Joseph Haydn ass am spéiden 18. Joerhonnert den Doyen vun den europäesche Komponisten. Vill jonk Museker kucke mat Bewonnerung a Respekt op dee Mann, deen eréischt am Alter vu 60 Joer eng international Carrière mécht. Obschonns de Joseph Haydn 1775 mat “Il ritorno di Tobia” schonn een Oratorium geschriwwen hat, koum en eréischt bei sengem éischte London-Openthalt 1791 op de Goût, sech intensiv mam Genre ze beschäftegen. Ausléiser waren d’Händel-Festpiller, déi den Haydn schwéier beandrockt hunn. „Oh Gott, wie viel ist noch zu tun in dieser herrlichen Kunst!“, schreift en Enn der 1790er Joren an engem Bréif. Den Haydn hëllt sech selwer beim Wuert a komponéiert nach emol zwee Meeschterwierker: “Die Schöpfung” an “Die Jahreszeiten”. De Guy Engels mat der Schlussarie am Liewe vun eisem Komponist vum Mount. (Rediff. um 19:20)