Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Joseph Haydn (1732-1809)"Ich bin Salomon aus London und komme, Sie abzuholen; morgen werden wir einen Akkord schließen". 1791 mécht de Joseph Haydn ee Kontrakt mam Concertsorganisateur Johann Peter Salomon fir zwou Saisonen zu London. An der englescher Haaptstad léiert den Haydn ee ganz anert Museksliewen kennen, eng privat organiséiert Musekszeen, déi engem Komponist vill kreativ Fräiheeten an och vill Geld bitt. Mir sin den 1. Januar 1790. De Guy Engels mécht sech zesumme mam Joseph Haydn vu Calais aus op eng beschwéierlech Rees.(Rediff. um 19:20)