Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Joseph Haydn (1732-1809)Den 1. Mee 1761 ënnerschreift de Joseph Haydn säin éischte Kontrakt mam Fürst Paul II. vun Esterhazy. E gëtt als Vize-Kapellmeeschter engagéiert am Rang vun engem Hausoffizéier mat Livrée. Säi Chef war dee scho kränklechen Joseph Gregor Werner, dee 1766 stierft. De Joseph Haydn huet als Komponist an Dirigent missen fir déi sëlleche Feierlechkeeten an den dräi Residenzen vun der Fürste-Famill suergen, wat ëm och gutt geroden ass, wéi den Haydn sech selwer erënnert: "Mein Fürst war mit allen meinen Arbeiten zufrieden, ich erhielt Beyfall”. De Guy Engels huet eisem Komponist vum Mount am Déngscht vun der Famill Esterhazy iwwert d’Schëller gekuckt.(Rediff. um 19:20)