Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
7 min
Christoph Willibald von Gluck (1714 – 1787)1987 gouf zu Wien déi international Gluck-Gesellschaft gegrënnt. D’Associatioun ënnerstëtzt all Aktivitéiten, déi sech mam Christoph Willibald Gluck a senger Musek beschäftegen. Si initéiert d’Opféierung vun Operen, begleet d’Fuerschung an d’Editioun vum Gesamtwierk an ass selwer publizistesch aktiv duerch d’”Mitteilungen der Internationalen Gluck Gesellschaft”. D’Gluck-Joer 2014, den 300. Gebuertsdag vum Komponist, huet der Wëssenschaft an der Praxis nei Impulser ginn.(Rediff. um 19:20)