Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
7 min
Christoph Willibald von Gluck (1714 – 1787)“Bella gerant alii, tu felix Austria nube – Looss anerer Krich féieren, du, glécklecht Éisträich bestieds dech” – dat war Devise vun den Habsburger. 1770 gouf se nees emol an d’Realitéit ëmgesat: d’Erzherzogin Marie-Antoinette gëtt d’Fra vum spéideren franséische Kinnik Louis XVI. D’Marie-Antoinette war eng grouss Bewonnerin vum Christoph Willibald Gluck. Si hat en an hire Wiener Entourage geholl an engagéiert en 1774 op Paräis. Do geréit de Christoph Willibald Gluck matten an d’Guerre des Bouffons. Eng Emissioun vum Guy Engels.(Rediff. um 19:20)