Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
8 min
Christoph Willibald von Gluck (1714 – 1787)“Der Musek hir Aufgab ass et, am Déngscht vun der Dichtung ze stoen”. Esou reformuléiert de Christoph Willibald Gluck d’Grondlagen vun der Oper, an där d’Aktioun an d’Musek eng Unitéit solle sinn. 1762 setzt en dës Prämisse mat sengem “Orfeo ed Euridice” eng éischte Kéier op der Bühn ëm. Den “Orfeo” gëtt zanterhier als d’Reformoper vun der Museksgeschicht considéréiert. De Guy Engels presentéiert.(Rediff. um 19:20)