Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount
Christoph Willibald von Gluck (1714 – 1787)“Gluck-lich speisen” ass déi lescht Manifestatioun fir d’Gluck-Joer 2014 an der bayerescher Stiedchen Berching. Hei koum virun 300 Joer, den 2. Juli 1714, de Christoph Willibald Gluck op d’Welt. De 15. November, wann d’Festivitéiten op en Enn ginn, wäert Berching nees a säin Dornréische-Schlof verfalen. Vläicht kann dem Gluck seng Musek dës Kéier esou engem Schicksal entwëschen. Den Operereformer an Theoretiker Gluck kennen der vill, den Dramatiker Gluck vill manner.Eng Emissioun vum Guy Engels.(Rediff. um 19:20)