Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount Oktober
Jean-Philippe Rameau (1683-1764)Als ee vun der groussen Theoretiker an Operekomponisten huet de Jean-Philippe Rameau d’Museksgeschicht vum 18. Joerhonnert markéiert. Nach ewell ass de Komponist am 19. Joerhonnert an de Vergiess geroden, bis sech a Frankräich eng Generatioun vu Museker (Saint-Saëns, Dukas, d’Indy) opgemaach huet, deen eegene Patrimoine nees nei z’entdecken. Mam Opkommen vun der historesch informéierter Opféierungspraxis huet seng Musek sech dunn definitiv erëm am Répertoire etabléiert.Am Joer vum 250. Doudesdag vum Jean-Philippe Rameau huet net nëmmen dem Komponist seng Musek Héichkonjunktur, och déi musekswëssenschaftlech Publizistik entdeckt de Komponist nei. Bis dato onbekannt Aspekter vu sengem Liewen a sengem Wierk beliicht eng nei Biographie, déi d’Musikologin Sylvie Bouissou bei Fayard erausbruecht huet. De Guy Engels am Gespréich mat der Mataarbechterin um Institut de recherche sur le patrimoine musical en France.(Rediff. um 19:05)