Komponist:in vum Mount
De Komponist vum Mount Oktober
Jean-Philippe Rameau (1683-1764)Als ee vun der groussen Theoretiker an Operekomponisten huet de Jean-Philippe Rameau d’Museksgeschicht vum 18. Joerhonnert markéiert. Nach ewell ass de Komponist am 19. Joerhonnert an de Vergiess geroden, bis sech a Frankräich eng Generatioun vu Museker (Saint-Saëns, Dukas, d’Indy) opgemaach huet, deen eegene Patrimoine nees nei z’entdecken. Mam Opkommen vun der historesch informéierter Opféierungspraxis huet seng Musek sech dunn definitiv erëm am Répertoire etabléiert. E Portrait vum Guy Engels.1894 ass de Startschoss gefall fir déi éischt komplett Editioun vum Jean-Philippe Rameau senge Wierker. Vum Camille Saint-Saëns bis bei de Claude Debussy waren eng ganz Partie prominent franséisch Komponisten an dës gewalteg Editioun agebonnen, déi 1924 konnt ofgeschloss ginn. Sie huet och den Ustouss ginn, am Ufank vum 20. Jorhonnert “à la manière de Rameau” ze schreiwen oder dem Komponist op d’mannst musikalesch eng Referenz ze weisen. “Hommage à Rameau” ass d' Thema haut vum Guy Engels.(Rediff. um 19:05)