Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logement: Präisser am leschter Joer liicht gefall

Wunnengsmaart

Logement: Präisser am leschter Joer liicht gefall

Och am éischten Trimester vun dësem Joer bleiwen d'Aktivitéiten um Immobiliemarché wäit ënnert dem Niveau vu virun der Kris um Wunnengsmaart, déi Enn 2022 ugefaangen huet. Dat geet aus dem neiste Rapport vum Observatoire de l'habitat a vum Statec ervir. Trotzdeem wier och eng liicht Reprise ze erkennen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Am luesten ass d‘Aktivitéit am Moment um Marché vun de sougenannte Ventes en futur état d'achèvement, also de VEFA-Projeten. Där sinn der an den éischten 3 Méint vun dësem Joer nëmme knapp 90 verkaaft ginn. Dat ass 7 mol manner wéi virun der Logementskris. 

Niddereg Präisser fir d'Logementer

Bei de bestoenden Appartementer, par Conter, gëtt et eng liicht Reprise mat Ronn 800 Venten am éischten Trimester vun dësem Joer. Dat ass bal ee Véierel méi, wéi nach dat Joer virdrun. Et ginn och nees liicht méi Haiser verkaf wéi nach dat Joer virdru, mat engem Plus vu Ronn 8 Prozent op ee Joer gekuckt. 

Am éischten Trimester vun dësem Joer goufe 450 Haiser verkaf. Dat sinn der awer nach ëmmer däitlech manner wéi virun der Kris um Wunnengsmaart. An de Joren 2017 bis 2022 goufen an der Moyenne am éischten Trimester 760 Haiser verkaf. Allgemeng bleiwen d’Präisser vun de Logementer, esou wuel vun den Haiser, ewéi vun den Appartementer, weiderhin niddereg. 

Stabil Loyere fir Appartementer 

An de leschten 12 Méint sinn d’Präisser ëm bal 11 Prozent gefall. D‘Loyere fir Appartementer hunn sech zanter dem 2. Trimester d‘lescht Joer stabiliséiert. Beim Loyer vun de miwweléierten Appartementer gëtt et allerdéngs eng Hausse vun iwwer 4 Prozent op déi lescht 12 Méint gekuckt. Bei de Loyere fir Haiser gëtt et eng liicht Baisse vu Ronn engem Prozent am Verglach mam éischten Trimester 2023.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Logement