Radioen

On air

Spektrum  |  Marcus King - Hero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz liichter Baisse bei de Präisser: Aktivitéit um Immobiliemarché bleift niddreg

Logement

Trotz liichter Baisse bei de Präisser: Aktivitéit um Immobiliemarché bleift niddreg

D‘Aktivitéiten um Immobiliemarché bleiwen och am 1. Trimester vun dësem Joer wäit ënnert dem Niveau vu virun der Kris um Wunnengsmaart, déi Enn 2022 ugaangen ass. Dëst betrëfft virun allem nei gebauten Appartementer.

auto_stories

1 min

A vendre Schëld | © Bigstock
Foto: Bigstock

Déi neitsten Zuelen zum Immobiliemarché ginn aus dem neie Rapport vum Logementsministère ervir. Am lueste wier d‘Aktivitéit am Moment um Marché vun den nei gebauten Appartementer. Där sinn der an den éischten 3 Méint vum Joer nëmme knapp 900 Stéck verkaaft ginn. Bei de méi alen Appartementer gëtt et awer eng liicht Reprise.

Och d‘Präisser ginn nach ëmmer liicht no ënnen. An de leschten 12 Méint si se ëm bal 11 Prozent gefall.

D‘Loyere fir Appartementer hu sech zanter dem 2. Trimester d‘lescht Joer stabiliséiert.