Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Oppositioun spuert net mat Kritik un den annoncéierte Logementsmesuren

An der Chamber

D’Oppositioun spuert net mat Kritik un den annoncéierte Logementsmesuren

Kritik un de Mesurë gouf et vu Säite vun der Oppositioun haaptsächlech un der Aart a Weis, wéi d’Chamber mat agebonne géif ginn – oder eben net.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Chamber Kamera | © Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Et hätt een nach ni esou ee Chaos an enger Chamberskommissioun erlieft, mengt de Marc Goergen vun de Piraten, et wier ee Skandal wéi mat der Chamber ëmgaange géif ginn, seet de Meris Sehovic vun de Gréngen. Vun enger Katastroph schwätzt d’Alexandra Schoos vun der adr. Fir den David Wagener vun déi Lénk ass et awer méi den Inhalt, dee skandaléis ass.

D'Kommissioun gouf ofgebrach

3 Ministeren – Intérieur, Environnement a Logement – sollten de Méindeg Moien an enger gemeinsamer Chamberskommissioun zum neie Pak vu Logementsmesurë Ried an Äntwert stoen. Mee et hätt ee keng Äntwerte kritt, kritiséiert de Marc Georgen.

De Claude Meisch hätt net kënnen op d‘Fro äntwerten, wéi Sue wéinst de Mesuren direkt an d‘Täsche vun de Promoteure fléissen, sou de Piratendeputéieren, „heen (n.d.l.r.: de Claude Meisch) wollt op d’Mëttegiesse goen“.

D‘Kommissioun wier ofgebrach ginn, krisitéiert de Marc Georgen.

"Also mir kommen eis ëmmer méi veraarscht fir vun dëser Regierung."

Meris Sehovic: Keng seriö Diskussioun méiglech

Et wier just een Uneneereie vu Mesuren, déi entweder vun der aler Regierung schonn op d’Tapéit bruecht gi wieren, oder déi just um Pabeier gutt géife kléngen, mengt de Meris Sehovic vun de Gréngen. Et hätt een op deene wichtege Punkte leider keng Detailer genannt kritt, wéi dës Mesure sollen ëmgesat ginn. De Kommissiounspresident géif d‘Kommissioun op eng „autoritär Aart a Weis féieren“.

"(…) mir hunn iwwert de Logementsdeel vun deem ganze Package guer net schwätze kënnen. Dat ass extreem onseriö an dat ass de Geck gemaach mam Parlament an dat wäerte mer sou net nach eng Kéier akzeptéieren."

ADR: Konkret Zesummenaarbecht mat de Gemengen onkloer

De Pabeier vun der schwaarz-bloer Regierung géif super ausgesinn, mengt d’Alexandra Schoos vun der adr, mee Pabeier wier gedëlleg. Nodeems d‘Kommissioun vum Méindeg eng „Katastroph“ war, géif si begréissen, datt elo eng reng Logementskommissioun soll zesumme kommen. Da kéint een dem Minister Meisch och déi richteg Froe stellen. Fir si wier et zum Beispill wichteg ze wëssen, wéi d’Zesummenaarbecht mat de Gemenge konkret soll ausgesinn, esou nach d’Alexandra Schoos.

LSAP: D'Regierung finanzéiert d'Promoteursbeneficer mat Steiersuen

Vun déi Lénk an der LSAP koum och Kritik; Haaptsächlech op engem Punkt: Fir méi erschwénglech Logementer ze kréien, soll de Staat an Zukunft net méi vu private Promoteure kafen, mee just nach lounen, an dann, fir den abordabele Wunnengspräis, weider verlounen. Dat wäert net zum Nulltariff sinn, seet d‘Paulette Lenert.

"De Privatsecteur schafft sécher net just Käschtendeckend, sou dass hei à priori mengem Verständnis no, Steiersue geholl ginn, fir Beneficer auszegläichen."

Deem stëmmt och den David Wagener. E géif sech hei em een Abus vun ëffentleche Gelder handelen, esou den Deputéierte vun déi Lénk.

An der Ried zur Lag vun der Natioun viru ronn zwou Wochen hat de Premier Luc Frieden Mesuren am Logement ugekënnegt, déi d’lescht Woch vun den dräi concernéierte Ministeren op enger Pressekonferenz méi am Detail presentéiert gi sinn. Zil: Et soll méi a méi séier kënne gebaut ginn.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft