Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Let In Outside

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Luc Frieden annoncéiert vereinfacht Prozeduren am Bau an Ännerunge beim Energiepräisdeckel

Etat de la Nation

De Luc Frieden annoncéiert vereinfacht Prozeduren am Bau an Ännerunge beim Energiepräisdeckel

Eng Politik, déi d’Prozedure vereinfacht, fir méi séier ze bauen, déi d’Aarmutsbekämpfung ugeet an déi Aarbechtsplaze schaaft a Wuelstand generéiert: Dat sinn e puer Haaptziler vun der Regierung fir déi nächst 12 Méint, sot de Premier Luc Frieden de Mëtten a senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber. Als Motto dofir hat den CSV-Politiker “Einfach. Besser. Modern.” gewielt. Et wier d’Zil vun der neier Regierung gewiescht, Lëtzebuerg fir d’Zukunft ze stäerken; elo géif een d’Zukunft gestalten.

auto_stories

4 min

Foto: Flickr vun der Chambre des Députés

Dobäi misst een och europäesch denken, zum Beispill bei der Wirtschaft, beim Klimawandel a bei der Defense.

"Mir mussen haut eis Defense fir muer stäerken, och hei zu Lëtzebuerg. Mir maachen dat net fir Krich ze féieren, mee fir Krich z’évitéieren."

Lëtzebuerg wéilt dofir zwee Prozent vum revenu national brut pro Joer an d‘Defense investéieren, sou de Luc Frieden.

10 Mesurë fir de Logement

E Kärstéck vum État de la Nation war d’Annonce vun engem 10-Punkten-Aktiounsplang a Saache Logement. Dozou gehéieren ënner anerem de Prinzip vum “Silence vaut accord”, d’Zesummeleeë vun de PAG- a PAP-Prozeduren, e Standard-Bautereglement, d’Ofschafe vu widderspréchlechen Normen an d’Digitalisatioun vun den Autorisatiounsprozeduren. Stéchwuert Digitalisatioun: Déi soll och bei der Aarmutsbekämpfung hëllefen.

"Mir wëlle Schluss maache mat deem administrativen Dschungel, an deem sech virun allem déi vun eis verlafen, déi et sech am mannsten erlabe kënnen."

Monoparentauxe solle steierlech entlaascht ginn

A puncto Steieren da gouf et eng Ukënnegung fir d’Elengerzéier: Monoparentauxe solle vum éischte Januar 2025 un steierlech entlaascht ginn.

An och d’Steiertabell gëtt, sou de Luc Frieden, nach emol op de Leescht geholl.

"Mir sinn ugetrueden, fir de Leit méi Netto vum Brutto ze loossen, fir d’Kafkraaft ze stäerken. Dofir huet déi nei Regierung d’Steiertabell dëst Joer schonn ëm 4 Indextranchë berengegt. Ab dem 1. Januar 2025 wäert d’Steiertabell ëm weider 2,5 Indextranchë berengegt ginn."

A Saache Compétitivitéit sinn ënner anerem steierlech Hëllefe fir d’Betriber virgesinn, esou soll de Kierperschaftssteiersaz ab dem 1. Januar 2025 vu 17 op 16 Prozent erofgesat ginn.

Doriwwer eraus soll de Grand-Duché Leader an der Datenekonomie ginn, huet de Premier betount.

Lauschterenplay_arrow


Vun 2025 u gëtt just nach de Stroum vum Staat subventionéiert

Déi maximal Primm fir Elektroautoe geet den 1. Oktober vun 8.000 op 6.000 Euro erof, an déi generell Primm fir Vëloen oder Elektrovëloe soll ewech falen. Dat huet de Premier a senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt, zwee Deeg no den Europawalen. 2025 soll et kee Gaspräisdeckel méi ginn, mee nëmmen nach ee Präisdeckel fir de Stroum.

Well déi meescht Energiepräisser gefall sinn, géifen déi meescht Energiepräisdeckelen den 1. Januar 2025 ewech falen, esou d’Erklärung vum Luc Frieden an der Chamber. De Stroumpräisdeckel géif awer fir dat nächst Joer nach bäi behale ginn.

Domat géif de Stroumpräis an de selwechte Parragë bleiwe wéi an den Nopeschregiounen. Leit mat manner Akommes géife mat cibléiert Moossname gehollef kréien, sou de Luc Frieden.

Zu dëse Moossname gehéiert, datt de Staat och dat nächst Joer nach een Deel vun den Energiekäschte vun den Altersheemer iwwerhëlt.

Hëllefe fir Solaranlage ginn erof

Den aktuelle Klimabonus-Regimm soll bis Enn September verlängert ginn. Déi finanziell Ënnerstëtzung fir déi energeetesch Renovatioun vu Wunnhaiser gëtt dono bäibehalen. Solaranlage sollen dann awer nëmmen nach mat bis zu 50 Prozent an net méi 62,5 Prozent ënnerstëtzt ginn.
 

"Dat well Photovoltaikanlage generell méi bëlleg gi sinn an den Invest an d’Installatioun och mat 50 Prozent finanziell attraktiv bleift."

De maximale staatleche Subsid fir Elektroautoe geet vum 1. Oktober un, vun elo 8.000 op 6.000 Euro erof. D’Primmen hänke vum Stroumverbrauch vum Auto of. D’Zäit déi een dës Autoe muss hale gëtt vun engem op dräi Joer verlängert, fir ee Subsid ze kréien. Doriwwer eraus gëtt eng Primm vun 1.500 Euro fir elektresch Occasiounsautoen agefouert.

Just nach Kaf vu Cargo-Bikes gëtt finanziell ënnerstëtzt

Déi generell Primm vu 600 Euro fir Vëloe soll ewech falen, huet de Premier annoncéiert.

"Ab dem 1. Oktober dëst Joer gëtt nach just de Kaf vu sougenannte Cargo-Bikes finanziell vum Staat ënnerstëtzt."

Bis elo hätt de Staat scho Subsidë fir 80.000 Vëloen ausbezuelt, esou de Premier Luc Frieden.

An iwwert d’Ried zur Lag vun der Natioun gëtt de Mëttwoch de Moien an der Chamber debattéiert.

Lauschterenplay_arrow