Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronn 40 Prozent méi Autorisatioune fir Vakanzewunnengen

Am éischten Hallefjoer

Ronn 40 Prozent méi Autorisatioune fir Vakanzewunnengen

Ronn ee Joer nom Aféiere vum 90-Deeg-Seuil beim Verloune vu Vakanzewunnenge weist sech déi nei Reglementatioun an de Statistiken. Ëm bal 40% sinn d’Autorisatioune fir esou Wunnengen dëst Joer Januar bis Juli am Verglach zum leschte Joer d’selwecht Zäit geklommen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Airbnb | © picture alliance / photothek.de | Florian Gaertner play_arrow
Foto: picture alliance / photothek.de | Florian Gaertner

Dat deelt de Wirtschaftsministère eis op Nofro hi mat. Fir d’Horesca wier dat begréissenswäert, esou de President Alain Rix. 

Déi eege Wunneng verlounen iwwer Buchungsplattformen, wéi beispillsweis airbnb oder booking, ass erlaabt. Awer: bis e Maximum vun 90 Deeg am Joer. Soubal dee Seuil iwwerschratt ass, muss eng kommerziell Aktivitéit ugemellt ginn.

500-700 Adressen op de Plattformen

Dat Gesetz ass am Juli zejoert gestëmmt ginn, an den 1. September a Kraaft getrueden. Domat mussen déi néideg Standarde séchergestallt sinn, déi och Hoteliere betreffen. De President vun der Horesca, den Alain Rix erkläert, datt ee vill misst ee vill investéieren an et géife vill Sécherheetsreegele ginn.

An et dierf een net vergiess de Wunnengsmaart. Mir brauchen dach onbedéngt Wunnengen. An do si jo awer tëschent 500 a 700 Adressen déi do sinn. Dat ass awer relativ vill.“

Fir d’Horesca hätt Gesetz nach e bësse méi wäit kenne goen, seet den Alain Rix. Vill vun deem wat op Plattforme wéi AirBnb ugebuede gëtt, géif schonn an d‘Hotellerie eragoen.

Dat gesi mir och op de Plattforme vu booking – do sinn d’airbnben mat vertrueden drop.

Douane krut nach keen Optrag vum Ministère fir Kontrollen ze maachen

Zanter dem Akraafttriede vum Gesetz goufen et 1,8 Milliounen Iwwernuechtungen zu Lëtzebuerg, déi iwwer Buchungsplattforme reservéiert goufen, esou eng Statistik vun Eurostat.

Wéi vill Verstéiss et géint d’Gesetz gouf, ass iwwerdeems net gewosst. D’Douane, déi zoustänneg fir dës Kontrollen ass, ka momentan just op Optrag vum Ministère agéieren. Esou en Optrag wier bis ewell nach net erdeelt ginn, heescht et vum Ministère op eis Nofro hin.

Europäesch Plattform soll bei Kontrollen hëllefen

Fir datt d’Kontrolle kënnen effikass gemaach ginn, wäert Lëtzebuerg sech op eng europäesch Plattform baséieren. Déi sammelt europawäit Donnéeën iwwert d'kuerzzäitegt Verloune vun Hebergementer a leet déi dann un d'Nationalstaate weider.

Déi Plattform géif fir de Moment nach ausgeschafft ginn, esou nach de Wirtschaftsministère an enger schrëftlecher Äntwert. Och wann nach net kontrolléiert gëtt – Proprietären, déi méi wéi 90 Deeg verlounen ouni e Commerce ugemellt ze hunn, sinn an der Illegalitéit a kënne laut dem Gesetz mat bis zu enger Strof vun 125.000 Euro oder 3 Joer Prisong rechnen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft