Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asbest fuerdert nach ëmmer Mënscheliewen

Geféierlech Faser

Asbest fuerdert nach ëmmer Mënscheliewen

​​​​​​​Nach ëmmer stierwen all Joer Mënschen un de Suitte vun Asbestbelaaschtung. Betraff si virun allem de Bau- a Renovatiounssecteur. An iwwer 3.000 Materialie gouf Asbest verschafft. Obwuel déi kriibserreegend Substanz zënter 2001 komplett verbueden ass, mellt d'Assurance-Accident all Joer Krankheetsfäll duerch Kontakt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul

Faarweg Plättercher, Fënsterbrieder, de wäisse Gips ronderëm d’Heizungsréier, an am och Linoscoll oder Fënstermastik oder als Daachbedeckung. Asbest gouf wéinst senge gudden Eegenschafte bal iwwerall verbaut. En ass schalldämpfend, feierfest, feierbestänneg a krazfest. De Robert Roos vun der Gewerbeinspektioun huet reegelméisseg mat dem Material ze dinn. Hie geet dovun aus, datt a bal all Eefamilljenhaus, wat an de 60er, oder 70er Jore gebaut ginn ass, Asbest genotzt ginn ass.

Déi geféierlech Faser gouf zënter den 80er Joren no an no an zënter 2001 komplett vum Marché geholl. Si ass kriibserreegend a provozéiert eng typesch Krankheet, de Mesotheliom oder Broschtfellkriibs dee bis zu 30 Joer no der Asbestbelaaschtung kann optrieden an net ka behandelt ginn. D’Zuele vun der Assurance-Accident, déi eng eege Rubrik féiert, weisen, datt all Joer zwee bis sechs eendeiteg Fäll unerkannt ginn.

Héich Donkelziffer

2022 gouf et ee Fall vu Longekriibs an dräi Fäll vun dem Mesothelium, deen op Asbest zréck ze féieren ass. Dat wier fir déi Lëtzebuerger Aarbechtspopulatioun eng zimmlech héich Zuel, seet de Robert Roos.

"D’Problematik vun eisem Aarbechtsmilieu ass, datt awer vill Aarbechter net onbedéngt hei am Land, mee an hiert Land zeréck ginn a wann et dann diagnostizéiert gëtt, da kënnt dat guer net an eis Statistik eran."

Kleng Entreprisen hale sech dacks net un d'Reegelen

Déi meescht Fäll gi bei Aarbechter:innen aus der Baubranche festgestallt. Asbest deen an engem Haus fixéiert ass, stellt dobäi keng gréisser Gefor duer, mee Renovéieren an Ofrappe sinn d’Risikofacteuren. Gëtt Asbest op engem Chantier festgestallt, gëlle ganz strikt Reegelen: D’Aarbechter:inne mussen eng Formatioun duerchlafen. Speziell Schutzkleedung a schaffe bei Ënnerdrock si virgeschriwwen. Déi grouss Entreprisen hale sech och dorunner, méi problematesch si kleng a privat Chantieren.

"Wou et nach ganz problematesch ass, dat sinn all déi Renovatiounsbetriber. Wann dir elo äert Buedzëmmer wëllt frësch maachen rappt dir jo net d’ganzt Haus of, dir maacht just d’Buedzëmmer frësch an déi maache meeschtens keng Analysen."

Och wann zum Beispill Teppecher eraus gerappt ginn, gi Leit immens héich exposéiert, well dat meeschtens mat zouene Fënstere gemaach gëtt an d‘Leit dann d'Faseren anootmen.

Den Ëmweltministère schleisst eng Asbest-Renovatiounsprimm aus

Well d’Käschte bei esou Chantieren explodéieren, ass den Interêt nëmme kleng fir strikt no Reglementatioun ze schaffen. Eng Asbest-Renovatiounsprimm, wéi zum Beispill an Holland kéint hei hëllefen.

Mee den Ëmweltministère huet an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro esou eng Primm nach viru kuerzem ausgeschloss.

Den offizielle Statistiken no hu Lëtzebuerger Entreprisen 2022 eng 5.000 Tonnen asbesthalteg Materialien tëschegelagert, eppes iwwer 5.000 Tonnen där Materialie goufen am selwechten Zäitraum an d'Ausland exportéiert, an der Haaptsaach an d'Belsch an a Frankräich.

D'Material gëtt fir d'éischt loftdicht verpakt an dann an Deponien endgelagert. Fir d'Entsuergung vu méi klenge Quantitéiten a fir all Informatioun un d'Bierger:innen ass d'Superdreckskëscht zoustänneg. An der Broschür vun der SDK fënnt een och praktesch Informatiounen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft