Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: Logementskris ass eng Gefor gi fir de sozialen Zesummenhalt

Logement

Claude Meisch: Logementskris ass eng Gefor gi fir de sozialen Zesummenhalt

De Staat huet bis elo Wunnengsbauprojete fir 103 Milliounen Euro kaaft. Dat am Kader vum Programm “vente en état futur d’achèvement” VEFA: dës Zuel huet de Logementsminister Claude Meisch de Mëtteg genannt.

auto_stories

2 min

Foto: Simon Hoffmann

Wéi ee Präis pro Quadratmeter duerchschnëttlech fir dës Logementer bezuelt gouf, wollt de Minister nach net verroden. Weider Wunnengsbauprojete fir 193 Milliounen Euro ginn de Moment analyséiert. Projete fir 183 Milliounen Euro goufe vum Staat refuséiert.

De Minister fir Wunnengsbau huet haut nach eng Kéier déi Logements-Hëllefsmesure presentéiert, déi d’Chamber gëschter gestëmmt hat. De Claude Meisch hofft doduerch op méi Immobilientransaktiounen, op eng Beliewung vum Marché an op een Usprange vun der Baubranche.

Komplizéiert Demarchen leien "un der Natur vun der Saach"

Ganz vill Leit wéissten net, datt si kéinte staatlech Hëllefe kréien, huet de Minister widderholl. Läit dat net och dorun, datt de System respektiv d’Demarche ze komplizéiert sinn? Jo, fënnt de Logementsminister. Dat kéint awer och un der Natur vun der Saach leien, mat de ville Parameteren déi an d‘Berechnung mat afléissen.

„Do brauche mer eng intelligent Vernetzung vun Donnéeën. D’Regierung schafft jo och dorunner, fir datt Donnéeën, déi scho staatlecherweis disponibel sinn, datt déi och an esou Berechnungen direkt kënne mat afléissen.“

De Claude Meisch huet och ugekënnegt, datt Echangë mat de Banke geplangt wieren, fir datt si déi verstäerkte staatlech Hëllefen direkt consideréieren, bei de Berechnungen, ob déi potentiell Keefer ee Prêt kënne kréien.

De Logementsminister huet och gesot, datt d’Logementskris eng Gefor fir de sozialen Zesummenhalt gi wier, an eng Brems fir déi wirtschaftlech Entwécklung vum Land.

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft